Konferenz « Wat sinn Asteroiden »

 

POPULÄRWËSSENSCHAFTLECH  KONFERENZ

vun de LËTZEBUERGER AMATEURASTRONOMEN a.s.b.l.,  dem NATURMUSÉE an der Associatioun DA VINCI a.s.b.l.

am Kader vum INTERNATIONALEN ASTEROIDENDAG

Wou?            Zu Buerschend am Kulturzentrum, 25, Groussgaass

Wéini?          Méindes, den 3. Juli owes, um 20.00 Auer

 

Wat sinn Asteroiden?

 

Asteroide si relativ kleng Himmelskierper, déi beim Enstoe vun onsem Sonnesystem net méi d´Geleeënheet haten, sech mat ville vun hiresgläichen ze vereenen a Planéiten ze bilden. Si bestinn aus Steen oder Metall (haaptsächlech Eisen a Néckel).

E Sonnesystem entsteet aus riesege Gas (Waasserstoff) – a Stëbswolleken, déi duerch d´Gravitation esou staark zesummegedréckt ginn, dass d´ Temperatur am Zentrum iwwer 15 Millioune Grad klëmmt an en Nuklearprozess, d´Kärfusioun, ageleet gëtt. [ Kärfusioun: aus liichten Atomen ensti méi schwéierer (Waasserstoffbomm); Kärfissioun: schwéier Atome gi gespléckt zu méi liichten (Atombomm)] De Wasserstoff verbrennt dann zu Helium. Et ass eng Sonn entstan.

Méi wäit ewech vun der neier Sonn hu sech  d´ Asteroide gebilt, kleng Stëbsknuppen (ähnlech wéi beim Pudding, wann een net genuch réiert) déi awer am Laaf vu Millioune Joeren duerch Zesummestéiss gréisstendeels zu méi grousse Kierper, de Planéiten zesummebaken.

Déi, déi iwwreg bleiwen, sinn d´Asteroide, wéi mir se haut kennen. An eisem Sonnesystem fend ee  si zum gréissten Deel an enger Art Schlauch ronderem d´Sonn, dem sougen. Asteroidegürtel (ceinture des astéroïdes), tëschent dem Mars an dem Jupiter.

 

 

Eis Regierung huet mat den Amerikaner e supervisionnäre Projet entwéckelt, fir an der Zukunft op den Asteroiden Réistoffer ofzebauen.

An enger animéierter Powerpointshow liwwert Iech de Professer Nicolas Feierstein, President vun den AAL, Explikatiounen zou dësen a weideren Themen. D´Konferenz ass a Lëtzebuerger Sprooch.